Nordstad

Leitbild Nordstad 2035 – 5 ëffentlech Informatiounsversammlunge

Mobilitéitskonzept "Leitbild Nordstad 2035" - Axe central
©pact + Schroeder & Associés

De François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, an de Claude Turmes, Minister fir Landesplanung, presentéieren Elementer vum Leitbild Nordstad 2035 an d'Nordstad Mobilitéitskonzept am Kader vu 5 ëffentlechen Informatiounsversammlungen a Präsenz vun de Nordstad Buergermeeschteren.

D'Informatiounsversammlunge fänke jeeweils um 19 Auer un:

  • Méindes de 4. Oktober 2021:  Diekirch Al Seeërei
  • Donneschdes de 7. Oktober 2021: Ettelbrück CAPe
  • Méindes den 11. Oktober 2021: Ierpeldeng/Sauer Centre culturel et sportif Erpeldange
  • Mëttwochs den 13. Oktober 2021: Bettendorf Centre polyvalent Gilsdorf
  • Méindes den 18. Oktober 2021: Schieren Alen Atelier

Eng simultan Iwwersetzung op Franséisch souwéi eng Live Iwwerdroung um Site www.transports.lu sinn assuréiert.

All dës Versammlungen fannen ënnert dem "CovidCheck" Regime statt: D'Medievertrieder an d'Bierger si gebieden hiren Certificat CovidCheck (EU Digital COVID Certificate - EU DCC) mat ze bréngen. Plangt w.e.g.l 15 Minutte fir en Antigen Selbsttest op der Plaz an, falls dat op Iech zoutrefft. Den Test gëtt Iech zur Verfügung gestallt.

Dernière mise à jour