Interreg North West Europe

Claude Turmes, Minister fir Landesplanung, op Visitt beim Europäesche Kooperatiounsprojet DigitalDeConstruction

Digital Deconstruction (DDC)
©DATer

Claude Turmes, Minister fir Landesplanung, op Visitt beim Europäesche Kooperatiounsprojet Interreg Nordwesteuropa Projet DigitalDeConstruction beim LIST an der Maison de l’Innovation: et geet drëms innovativ Technologië beim Réckbau vu Gebaier wéi zb der Gare zu Ettelbréck ze notzen. Zil ass fir d’Bausubstanz vu Gebaier däitlech méi schnell ze ermëttelen a fir Baumaterialie wéi zb Plättercher, Dieren a Mauerstécker ze recuperéieren a bei néie Bauprojet erëm anzebauen. 3 Partner aus Lëtzebuerg si beim dësem Europäesche Kooperatiounsprojet derbäi, Schroeder & Associés, BIM-Y a LIST.

Digital Deconstruction (DDC) 3
Digital Deconstruction (DDC) 2
©DATer

Dernière mise à jour