Naturpark Our

D'Aarbechte fir de neie Sëtz vun der "Ecole du Goût" zu Branebuerg lafen op Héichtouren

Ecole du Goût zu Branebuerg
©Caroline Martin

D'Aarbechte fir de neie Sëtz vun der Ecole du Goût zu Branebuerg lafen op Héichtouren. Ugangs 2022 soll d’Restauratioun vum historesche Gebai „Millen“ duerch den Ministère de la Mobilité et des Travaux publics fäerdeg gestallt ginn. Geplangt ass, datt hei net just Büro'en entstinn, mee doriwwer eraus och flott Raimlechkeete fir Workshops fir Grouss a Kleng, Formatiounen an och ee wonnerschéine Gaart z'amenagéieren, deen op déi 5 Sënner ageet.

 

Viru Kuerzem war den Här Minister Claude Turmes sech ee Bild zu den aktuellen Aarbechte maache. Dëse Projet, deen an enker Zesummenaarbecht mat der Gemeng Tandel realiséiert gëtt, gëtt staark vum Ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire ënnerstëtzt.

 

Hei kleng Abléck, wéi d'Raimlechkeete vun der Ecole du Goût sollen ausgesinn, wann de Chantier ofgeschloss ass.

Ecole du Goût zu Branebuerg

Zill vun der Ecole du Goût ass et d’Iesse mat alle Sënner ze (er)liewen, d’Freed an d'Begeeschterung vu grouss a kleng um iessen ze steigeren a Gläichzäiteg e Bewosstsinn ze schafe fir eng nohalteg Iesskultur. Am historesche Gebai „Al Millen“ zu Branebuerg entsteet e neie Sëtz wonnerschéine Gaart fir des wichteg Sensibiliséierungsaarbecht. Claude Turmes, Minister fir Landesplanung

Ecole du Goût zu Branebuerg
Ecole du Goût zu Branebuerg
©Caroline Martin

Dernière mise à jour